Déi éischt Deeg am Liewen vun Äerem Kand
Nathalie Flenghi Photography
Méi Informatiounen ufroën (661 855 440)Kreativ. Harmonesch. Gebuergen.
Är Kanner sinn nëmmen eemol an hirem Liewen Bëbee.
Zäit a Rou fir de Bëbee wéi fir déi frëschgebaken Elteren si mer wichteg, dofir daueren déi meeschten Sessiounen och ëm 2 Stonnen a d'Fotoen ginn nom Rhythmus vum Bëbee gemaach an net ëmgedréint. Esou entstinn Fotoen déi Iech e Liewe laang begleede kënnen.
Genausou un éischter Stell stinn awer och d'Sécherheet an d'Hygiène.
Ech setzen d'Bëbee just esou an d'Szen wéi et fir hire klénge Kierper gutt ass.
Gallery
click/tap to view bigger
All images 2017 Nathalie Flenghi
Iwwert mech
Meng Passioun ass d'Fotografie an dofir hunn ech mäin Hobby zu mengem Beruff gemaach.
Neigebuerener si meng Spezialisatioun. Selwer Mamm vun dräi Kanner, hunn ech vill Erfahrung am Ëmgank mat dësen sensibelen Geschöpfer gesammelt an weess, datt ee keng Foto erzwénge kann.
A regelméissegen Ofstänn besichen ech international Workshops (Däitschland, Belge, Irland, etc) fir meng Konscht ëmmer méi wäit ze dréiwen a menge Clienten dat beschtméiglecht Erliewnis ze bidden.
Testimonials
J'avais peur que ma fille (2 ans) ne collabore pas avec Nathalie pendant la session...mais c'était juste le contraire!! Nous avons eu beaucoup d'amusement! Nathalie est une phantastique photographe, avec énorme expérience avec les enfants. Ma fille a collaboré avec elle sans problème.
Nathalie vous fait sentir comme à la maison ..C'est la meilleure chose avec Nathalie! Et pour moi et ma fille le moment plus agréable était la session à l'extérieur.
Well eis Kanner ze Schnell grouss ginn
Kontaktéiert mech an Dir erhaalt all déi néideg Informatiounen.
Net all Mënsch ass d'selwecht an dofir ass et meng Aufgab Iech individuell ze beroden fir eraus ze fannen wat Dir Iech wënscht. Déi eng wëllen en Album, anerer hänken gären e Bild un d'Mauer.
Meng Präisser sëtzen sech aus enger Session Fee (199€ ttc) an den Präisser fir déi eenzel Produiten zesummen. Vill vu menge Clienten entscheeden sech fir en Album mat 10-15 Fotoen (ab 230€ ttc) an eng gerummten Leinwand 60x40 (ab 350€ ttc)
Rufft mech un fir Är perséinlech Berodung.